X

Interview with Delia Sak (18.08.2017)


[gebuer: 15.06.2000 - 2. Saison am Dammekader - lizenzéiert beim T71 zanter dem 20.12.2007]

Wéi verbréngs de deng Summervakanz dëst Joer?
Ech hat amfong meng Summervakanz mat der Preparatioun fir op d'EM zu Dublin ugefaangen. Bësse mat Kolleegen ppes ënnerholl, an lo mol bësser Paus iert d'Preparatioun fir déi nei Saison rem ufänkt :)

Wou hues de bis elo deng schéinste Vakanz verbruet?
An Thailand zu Koh Samui.

Hues de e Liewensmotto?
No risk, no fun!

Wou gesäis de dech beruflech a 5 Joer?
Ech wollt am Domaine vun der Police täteg sinn.

Wéi bass de op de Basket komm?
Dat stung vun Ufank un schonns fest wëll ech vu klengem un an der Hal war.

Wou gesäis de dech sportlech a 5 Joer?
Am léifsten als Dammespillerin beim T71 déi scho vill Erfahrung an Titele sammele konnt.

Wat wolls de schonns ëmmer eng Kéier um Terrain ausprobéieren, mä hues dech nach ni getraut?
Eng alley-oop Pass op meng Matspillerin Svenia Nurenberg ;)

Et geet e Gerücht em, du häss speziell Ritualer virum Match. Wat ass do drun?
Dëst Ritual muss ech leider fir mech behalen, soss klappt et net méi ;)

Wou leien deng Stärkten... a Schwächten am Basket?
Meng Stärkten am Basket si mäi Schoss an dass ech d'Spill gutt liese kann. Meng Schwächt ass d'Schnellegkeet wou ech awer dru schaffen.

Wat war bis elo däi peinlechste Moment um Terrain a wat dee schéinsten?
Ee vun de peinlechste Momenter war wou ech vun der Bänk op den Terrain gelaf si wëll ech gemengt hunn et wier timeout. Eee vun de schéinste war den Doublé 2015-16 a wou mir a Rumänien mat der U16 déi 8. Plaz op der EM erreecht hunn

"Dabben" ass jo schonns erëm out. Wéi ee "move" gëtt an der Saison 2017-17 "in"?
Haha, dat muss een ofwaarden.

Wee war de beschten Trainer deen s de bis elo has?
Do ginn et der e puer, mä ee vun deenen ass den Tom Schumacher.