X

Grouss Woch fir eis Cadettes

15/05/2017 - 04:38

Och wann eisen Dammen an Hären hier Saison schonns e puer Wochen eriwwer ass, sou geet et an der Jugend elo an déi decisiv Phase. Muer Dënschden (16.05.) um 19h00 spillen eis Cadettes hiere leschte Championnatsmatch - an et wäErt eng richteg Finale ginn! Et geet op Walfer wou si am Fall vun enger Victoire oder enger knapper Néierlag (maximal 6 Puntken) de Champion kéinte feieren. Am Championnat an an der Coupe konnten si dës Saison schonns zu Walfer wannen, mä méi einfach wäert et sécherlech dowéinst net ginn.

E Sonndeg da geet et direkt viru mat engem weidere grousse Rendez-Vous fir dem Thierry seng Cadettes: am Gymnase vun der Coque geet et an der Final vun der Coupe géint de Basket Esch (18h00).

Iwwert Diddelenger Ënnerstëtzung géifen sech eis Meedecher sécherlech freeën!