X

Cadettes, Espoires & Poussines Champion!

17/05/2017 - 08:51

Nodeems Gëscht eis Cadettes 57-63 zu Walfer gewonnen hunn steet fest dass si hieren 1. Titel an der Täsch hunn! Als frëschgebakene Champion hunn si e Sonndeg (18h00, Coque/gmymnase) awer nach d'Geleegenheet eng drop ze setzen. An der Finale vun der Coupe geet et géint Esch: Den Doublé ass also nëmmen nach 1 Schrëtt ewech.

Mä och eis Espoires an eis Poussines sinn déi bescht an hierer Kategorie.

Den T71 felicitéiert dofir de Spillerinnen, dem coaching staff an all de wichtege Leit am Emfeld vun deenen 3 Equippen déi zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn.