X

Portraits de bénévoles: Guilly Mousel

19/07/2017 - 09:18

Iwwer 30 Joer ass de Guilly am T71 aktiv. Hei si mer awer scho ganz laang net méi beim "eng Hand upaken" oder "kuerz aushëllefen". Et ass vill vill méi wéi just dat. De Guilly...
- ass Kommissär fir d'FLBB
- ass Kommissär fir den T71
- ass Member an der Finanzkommissioun
- ass Member am Comité
- ass Member vun der commission technique vun der FLBB
- kritt a bezillt all Rechnung déi dem T71 em d'Ouere flitt - et sinn der iwwregens zimlech vill iwwert eng Saison
- kasséiert a kontrolléiert awer och wann aner Leit dem T71 Sue schëlleg sinn
- suergt dofir dass all Spiller seng "Pai" all Mount kritt an huet dobäi ëmmer dem T71 seng Konten am Bléck
- ass Keessier wann an der Oweskeess Nout um Mann ass
- ass do fir de Mikro ze maachen
- ass do fir d'Auer an de Bou ze maachen - och bei B- an C-Matcher
- ass op all Manifestatioun dobäi wou den T71 matmécht - och wann se bis an d'Nuet eran daueren
- war schonns beim Streetball hannert dem Grill
- verdeelt all 2 Woche d'Annonceblietchen zu Diddeleng
- huet alles am Bléck
- mécht all déi Saachen déi en sech virhëlt, an dobäi exakt
- ass niewelaanscht fein, hëllefesbereet an immens kollegial
- wunnt zwar zu Mamer, ass awer och Diddelénger.

Zu de wéinege Saachen déi en net mécht ass den aktive Basket. Dat iwwerléisst en de Spiller. Ronderëm den Terrain ass awer sénges.
Wëll hien et awer net sou gären huet dass iwwert e geschwat oder geschriwwe gëtt, hale mer dann hei op. D'Lëscht mat senge "Wohltaten" fir den T71 ass souwisou vill méi grouss a bedeitend wéi déi Opzielung hei uewendriwwer.

Wat den T71 dem Guilly iwwert d'Joere ginn huet, kënne mir net soen. Emgedréint awer zweiwelsfräi! Dat ass och der Diddelenger Gemeng net entgaang. Kuckt Iech hei e flotten Interview un deen d'Gemeng mam Guilly gemeet huet.