X

17.11.: Soirée Beaujolais

26/09/2017 - 07:23

De 17. November organséiert d'Jugendkommissioun vum T71 am Centre Hild hier 1. Beaujolais-Soirée!

Ab 19h30 gëtt déi nei Citabel-Kollektioun vum T71 virgestallt a jiddereen ass häerzlech wëllkomm dobäi ze sinn. Kombinéiert gëtt d'Soirée mat engem grousse Kéis-Buffet (inklusiv Dessert) fir deen der Iech awer umelle musst. D'Detailer fir d'Umeldung fannt Der op der Affiche vum Event!

D'Kollektioun stelle mer Iech demnächst hei um Site an op FB vir: verrode kënne mer awer elo schonns dass fir Kanner, Dammen an Hären eppes dobäi wäert sinn! Wann Der nawell Froe sollt hunn, mellt iech via beaujolais@t71.lu!