X

INTERREG Basket Academy

08/03/2018 - 08:28




E Mëttwoch Owend ass am Centre René Hartmann virun iwwert 30 Leit op enger Informatiounsversammlung den INTERREG Projet „Interreg Basket Academy“ den Diddelenger a Lëtzebuerger Partner virgestallt ginn. Sur place ware Vertrieder vun de strategesche Partner, Membere vum Comité a vun der Jugendkommissioun vum T71, sou wéi verschidden Trainer a Frënn vum Club.

De Marcel Wagener als President vum T71 an de Frank Muller als Sportskoordinator vun der „Interreg Basket Academy“ hunn de Leit d'Entwécklung, d‘Philosophie an déi sportlech/sozial Aktioune vum Projet virgestallt. No der Presentatioun hu vill Läit d’Geleegenheet genotzt fir hëllefräichen Input ze ginn a Froen ze stellen. Zum Schluss gouf nach jiddereen invitéiert zesummen an der Buvette eppes ze drénken. Op dëser Platz wëlle mir all den Leit nach eng Merci soen, déi den Wee bis an d’Hal fonnt hunn.

Virun allem gëlt et den strategesche Partner, der Gemeng Diddeleng, der ELA, de Special Olympics an der FLBB e grousse Merci ze soen fir hier Bereetschaft den T71 bei dësem innovative Projet mat hirem Wëssen, Netzwierk an am Fall vun der Gemeng Diddeleng och mat hirer Logistik z'ënnerstëtzen. Mir freeën eis op dës Kollaboratiounen an hoffen, dass mir mam Projet ville Mënsche wäerten eng grouss Freed kënne maachen.