X

Game 3: Musel Pikes-T71

05/05/2018 - 10:53

Eis Dammen hunn et op de Pikes fäerdeg bruet déi 2. Halleffinale mat 63-69 ze wannen. Et kënnt elo en Donneschdeg, 10. Mee - um Feierdag - zur decisiver Halleffinale. Tipoff ass um 19h00 zu Stadtbriedemes. Fir de Verléierer ass d'Saison eriwwer, fir de Gewënner geet et an de Finale géint den Titelverdeedeger Amicale. Dofir kommt eis Meedercher op d'Musel ënnerstëtzen an drot och dozou bäi dass hinnen den Exploit vum Freideg nach emol geléngt.