X

Finals 2018!

11/05/2018 - 08:35

Eis Dammen hunn sech no 2 sensationnelle Leeschtunge bei de Musel Pikes fir d'Finals 2018 qualifizéiert!
No enger éischter enttäuschender 61-75 Néierlag am 1. Match hunn si dono sou richteg opgedréint an d'Pikes nom 63-69 an en drëtten, decisive Match gezwongen. An dësem Match hunn si Gëscht um Feierdag nach emol eng Schëpp dropgepaakt a konnten sech och an der Héicht verdingt mat 48-73 duerchsetzen.
Géigner an de Finals ass déi héich favoriséiert Amicale, déi 3-fachen Titelverdeeger ass an déi 5 lescht national Titele gewonnen hunn!
Lass geet et schonns e Sonndeg (13.05.).
Hei ass de Programm fir déi maximal 3 Matcher:
13.05., 18h30: Amicale-T71 (game 1)
19.05., 19h00: T71-Amicale (game 2)
26.05., 18h30: Amicale-T71 (game 3)
Kommt eis Meedercher an d'Halen ënnerstëtzen! Si hunn et no dem Exploit géint d'Musel Pikes komplett verdingt!