X

Eis Scolaires si Champion!

11/05/2018 - 07:16

No engem däitlechen 47-72 Auswäertserfolleg bei der Sparta sinn eis Scolaires neie Champion vu Lëtzebuerg!
Et war dee leschte Match vun der Saison an et war kloer dass de Gewënner vun haut och Champion wier. An der Coupe goufen eis Scolaires nach vun der Sparta (1/8-Finale) eliminéiert, sou dass elo béid Equippen 1 Titel an der Täsch hunn.

Erwähnenswert ass et och vläit dass dësen Titel deen éischten fir eng Jongenequipe (Jugend) ass zanter 2005 (Minis).

Mir gratuléieren all de Spiller, dem Coach Nenad an all de Leit déi am Emfeld zu dësem Erfolleg bäigedroen hunn!