X

Leschten Heemmatch!

14/05/2018 - 09:41

Dëse Samschdeg ass de leschte Heemmatch fir eis Dammen! Am Fall wou mer wanne geet et fir déi decisive 3. Finale nach emol op Steesel!

Dofir kommt e Samschdeg an d'Hal a feiert eis Damme mat un. Nom Exploit géint d'Musel Pikes hunn si all Ënnerstëtzung verdingt. Eng jonk, dynamesch an top-motivéiert T71-Equipe wäert e Samschdeg alles drusetzen dem aktuelle Champion a Coupegewënner d'Liewen sou schwéier wéi méiglech ze maachen!

Markéiert iech de Match also an ärer Agenda wëll eng Ursaach net ze komme gëtt et net!

Tipoff ass um 19h00 lass, sidd also zur Zäit do. Fir Iessen a Gedrénks ass wéi ëmmer beschtens gesuergt!