X

19/06/2018 - 03:01

An eng lëschte Kéier waren eis 2 Prépoussins-Equipen op en Tournoi an zwar op de Kordall am Dribbel 2018.

Och des Kéier konnt d'A-Equipe d'Coupe mat heem huelen an als Gewënner ofschléissen woubäi d'B-Equipe eng 5. Plaz gemaach huet. Eis A-Equipe huet all Match gewonnen an am direkten Duell "A vs. B" huet eis B-Equipe der "A" alles ofverlaangt.

Um Enn kënnen erëm vill Kanner eng ganz Rei praktësch Erfahrunge mat heem huelen.

Eng super flott Equipe déi 21 Kanner mat hiere Coachen! Bravo!