X

Felicitatiounen & MERCI

28/06/2018 - 06:44

Den T71 wëll dem Mandy häerzlechst fir seng 1ère gratuléieren déi et dëst Schouljoer bestanen huet! Eng aner Première steet awer och un: ab nächster Saison wäert d'Mandy eis a Richtung Aix-en-Provence verloossen. Niewt sengem Studium spillt et an der 2. franséischer Liga zu Venelles am Championnat.

Mir soen dem Mandy MERCI fir säin Asaz am T71, a wënschen him alles Guddes fir seng Zäit a Frankräich!