X

24 on the floor

24/09/2018 - 12:34

De 24. November organiséieren den HBD an den T71 zesummen déi éischt Editioun vum "24 on the floor".
Während engem Dag stinn am CSRH den Handball an de Basket am Mëttelpunkt.
Scho mëttes ass jiddereen invitéiert eis Jugendequippen an deenen 2 Halen z'ënnerstëtzen.
Owes ab 18h00 stinn da mat den Dammen- an Härematcher vum HBD an T71 déi éischt Héichpunkter um Programm.

Dat grousst Highlight as dann owes ab 22h30 eist Spaass-Turnéier "24 on the floor".
Hei ka jidderee matmaachen. All Equipe (min. 5 Spiller) trëtt dobäi souwuel am Handball wéi am Basket un.
Mueres géint 3h00 wärte mer da wësse ween sech am beschte geschloen huet!
Fir Animatioun, Musik, Iessen a Gedrénks wäert natierlech déi ganz Nuecht duerch gesuergt sinn.

D'Aschreiwunge fir eist Turnéier wäerten den 20. Oktober ulafen.
First come, first served!