X

24 on the floor - MERCI !

26/11/2018 - 08:43

Mär wollten all deene Leit déi dozou bäigedroen hunn, dass déi éischt Versioun vum "24 on the floor" sou e grousse Succès war - op an niewt dem Terrain - nach emol e riesegrousse MERCI soën!
Den HBD an den T71 hu fir dësen Event gutt zesummegeschafft, an et wier flott wa mer dat an Zukunft widderhuele kéinten!
Dofir nach emol e MERCI u béid Comitéeë fir d'Ënnerstëtzung, béid Jugendkommissioune fir dat flott Angebot vun Iessen a Gedrénks, all d'Leit déi de Comptoir während a virun allem no de Championnatsmatcher gemeet hunn, an dëst bis spéit an d'Nuet respektiv de Mueren eran!
MERCI natierlech och dem Fotograf Erni, dem ganze Gemengepersonal, dem DJ an all de sëllege Leit déi als Arbiter dofir gesuergt hunn dass all 50 Matcher reibungslos iwwert d'Bühn gaange sinn!
Ouni déi 25 Equippe wier et och komesch gewiercht: dofir hinnen och en décke MERCI - virun allem wéinst dem fairen Oflaf an dem Spaass deen se siichtlech haten! Eng gutt Besserung och der Persoun déi sech leider e Samschdeg onglécklech verletzt huet!
Sécherlech war net alles perfekt, a mir bleiwen oppe fir all Kritik. Dofir loosst eis déi roueg op 24onthefloor@t71.lu zoukomme fir dass mer an Zukunft nach puer Detailer verbessere kënnen.
E puer Fotoë fannt der an eiser Gallerie!