X

Cadettes 2018/19

08/04/2019 - 16:39

Dräi Spilldeeg viru Schluss sinn eis Cadettes 1. am Championnat, hunn awer just 1 Punkt Virsprong op de Basket Esch. De 27. Abrëll steet de vläit alles entscheedenden Match zu Esch un.
No 2 Néierlagen am September hunn si dono 18 Matcher hannertenee gewonnen - 3 dovunner an der Coupe. An et ass och an der Coupe-Finale wou de Basket Esch den 18. Mee de Géigner ass.
Mir drécke weiderhinn d'Daume fir dass eise Cadettes no 2017 dest Joer den Doublé nees huelen.