X

Preseason Camp 2019

24/09/2019 - 09:26

Virun 2 Woche war déi 9. Editioun vum Preseason Camp!

Iwwer 100 Kanner haten 3 Deeg laang ganz vill Spass an hu vill bäigeléiert. De Feedback war méi wéi positiv!
Eis Jugendkommissioun seet jidderengem deen an irgendenger Form bedeelegt war e grousse MERCI - ob Coachen, Jugendkommissioun, Elteren! Mir kënne se net all eenzel opzielen, mä: MERCI! Dir waart all immens!

En anere grousse MERCI geet och vun eiser Jugendkommissioun un hiere Sponsor Batitoiture fir d‘Ënnerstëtzung. D‘Hoodien an d‘Tshirte koume ganz gutt un.
Dem Service des Sports, de Portiere vum Centre Hartmann, dem Service fêtes et manifestations an der Gemeng MERCI fir d‘Collaboratioun an d’Léine vum Material... besonnesch dem Arsène a Romeo fir dee super Waasserspender.

Dem Christophe a senger ganzer Kachequipe vum Restaurant Amarcord MERCI fir d‘Kache vun de Menuen!

Wéi et op de Fotoen z’erkennen ass, haten net nëmmen eis Spillerinnen a Spiller Spaass mä och de ganze Staff hannendrunn. Vum Comité aus och e grousse MERCI fir déi gutt Organisatioun an déi ganz Aarbecht fir dass déi 9. Editioun vum “PSC” sou en Erfolleg konnt ginn! D’Fotoen an eiser Gallery schwätze fir sech! E leschte MERCI geet deemno un all eis Hobby-Fotografen :)

Hei ass och nach de Link fir bei déi offizell Säit vum Preseason camp!