X

Optakt Championnat

27/09/2019 - 02:21

Léif Frënn vum T71!

Muer Samschdeg ass et endlech erëm souwäit.
No 5 Méint Paus a no enger exzellenter Virbereedung mat hiren neien Traineren Andrea Haris a Ken Diederich sinn eis Seniorsequippe prett fir erëm am Championnat unzegräifen.
Et geet lass Muer (Samschdeg) den Owend um 18h30 mat engem T71-Sparta bei den Dammen, duerno dann eis Häre géint Sparta um 20h30.
Kommt an ënnerstëtzt eis Equippen esou wéi der dat all déi lescht Joere gemaach hutt a mir si sécher dass mer mat iech erëm schéi Momenter am Hartmann wäerten erliewen.

Allez T71!
Mär sinn Diddeleng!