X

Interview Michael M'Putu

07/09/2015 - 10:41

Q: Du hues zanter e puer Méint kee Basket méi konnte spillen. Wéi a wéini a wéi genee ass et zu dénge Verletzungen (Knéi a Fanger) komm? Has de direkt Angscht dass vläit méi futti war oder has de deen Androck net?

Meng Fangerverletzung as um éischte Match no der Wanterpaus am Januar (2015) geschitt. Ech hunn am Warm-up e Ball falsch opgefaangen. Et huet gutt gekraacht an ech hat direkt eng Knupp um Fanger.
Ech wollt awer onbedingt spillen. Ech hun mer geduecht daat en just verstaucht wäert si wéi vill aner Kéieren. Ech hunn de Warm-up weider matgemaach an ech hu gemierkt dass ech net méi passe konnt. Ech hunn de Kiné gefrot fir mäi Fanger ze tapen, wat schonns extrem wéigedoen huet. Ech wollt dann eng Kéier schéisse fir ze testen an ech krut den Ball mol net geschoss.

D'Diagnos war dass ech een "Mallet Finger" hunn an ech sinn déi Woch selwer nach operéiert ginn. Ech krut 2 Broschen an de Fanger sou dass ech en net mei béie konnt. Mäi Fanger war nämlech gebéit no der Verletzung, ech krut en net méi riicht gemaach. Déi zweet OP war dann halt dass si nees d'Broschen eraushuelen.

E "Mallet finger" ass keen einfachen "broken finger". Ech hat selwer virdrun nach ni eppes dovunner héieren. D'Sehn gouf sou intensiv iwwerdehnt dass et e klenge Broch verursaacht huet. De Broch selwer ass kee grousse Problem mä d'Sehn wou beschiedegt ginn as féiert zu Konsequenzen, dofir hunn ech och missten operéiert ginn.

Ech hu richteg Chance dass ech net eppes wéi de Samy Picard hat mä déi Verletzung wou ech hat war richteg penibel an bis haut nach schmerzhaft. Ech hat ganz vill Gléck am Ongléck. De Samy hat de Fanger jo komplett zerstéiert, een oppene Broch, ech kann dann nach frou si mat menger "Mallet Finger"-Verletzung.

Meng Knéiverletzung, also mäi Knorpelschued, huet mengen ech an der Saison 2013/14 ugefaangen. Ech weess net wéi et dozou komm ass, ka mech net un eng spezifesch Aktioun erënneren.

Ech weess awer nach dass zum Schluss vun der Saison 2013/14 mäi Knéi richteg ugefaangen huet ze genéieren. Ech war naiv an ech hat geduecht et wier näischt schlëmmes. Ech hat geduecht mat Kiné, Stretching, äis, Crme, Kraafttraining a Gewiicht verléiere géing et besser goe mä et ass méi schlëmm ginn. D'Blocagen an d'Péng waren net konstant do mä se sinn ëmmer méi intensiv ginn.

Den éischte Match vun der Saison 2014/15 hunn ech scho misste mat engem Schoner an Tape spillen an et huet sou gutt wei guer näischt bruecht. Ech sinn eng Kéier an d'Eecher Klinik gaange wou ech gesot krut ech soll bësse pausen a bei de Kiné goen.
Am Dezember war et guer net méi auszehalen, meng Blocage sinn sou intensiv ginn dass ech eng Kéier am léifste mat Kretschen an d'Schoul gaange wier. Ech hunn dann endlech décideiert, a krut och gesot ech hätt besser eng IRM ze maachen. An der Wanterpaus sinn ech nach eng Kéier an d'Eecher Klinik gaangen an des Kéier huet en aaneren Dokter Tester mat mengem Knéi gemaach an en hat dann och e Verdacht op entweder Bänner-Probleemer, Meniskus oder Knorpelschued an huet mer dann och eng IRM verschriwwen.

Q: Wat war déi éischt Diagnose vum Dokter? A wat sot den Dokter wéi et géif weidergoen?

Den Dokter huet d'IRM gekuckt an e war richteg iwwerascht, en huet gesinn dass ech e Lach am Knorpel hunn. E sot ech misst entweder operéiert ginn oder ech soll et mat Sprëtze probéieren. Natierlech hunn ech mech fir d'OP entscheed zumools well ech nach jonk sinn. E sot mat enger OP wier ech 6-12 Méint out ouni eng Garantie dass d'OP funktionéiert a wann ech Pech hätt kéint ech kee Basket méi spillen a kéint Problemer am Alldag hunn. Dat war ee vun menge schlëmmsten Deeg a mengem Liewen. Ech si virum Dokter zusammegebrach, ech hat dat guer net erwaart. Ech krut dann e Rendez-vous mam Chirurg a schon hat ech en Datum fir d'OP.

Q: Konns de no dénge Verletzungen iergend eng Aart Sport maachen oder dech soss fithalen? Wéi gesäit deng "Reha" no der Operatioun aus?

No der Fangerverletzung konnt ech Velo fueren a Bauchmuskelen trainéieren. An ech hnun ugefaange mat menger lénkser Hand ze trainéieren, zumools schéissen. No puer Wochen hat ech sou e gudden Touch mat lénks wéi nach ni. D'Reha war no der Fanger-OP gutt 20 Séancen mam Cédric, dem Kiné.

Ech hu schnell Fortschrëtter gemaach an ech si frou dass de Cédric net gezéckt huet meng Limiten ze testen mä d'Péng war net auszehalen, d'Péng mam Knéi war einfach e Witz dogéint. Et huet sech ugefillt wéi wann hien ëmmer rëm mäi Fanger géing briechen, ech hu gejaut, geflucht a geschweesst a schlussendlech huet et sech sou eppes vu gelount.

An awer: bis haut nach hunn ech de Fanger nach wéi an en ass réischt bei 80%. En somme, wat ech wëll soen ass dass och wann et "just" eng Fangerverletzung ass, mat engem "Mallet Finger" as net ze spaassen.

Vierun der Knéi-OP hunn ech 2-4 Mol d'Woch Kraafttraining gemaach. Mam Knéi no der OP fir mech fit ze hale probéieren ech sou oft wéi méiglech mat de Kretschen ze trëppelen, et ass richteg ustrengend an ech trainéieren +- 3 Mol d'Woch mat Hantelen a Bauchmuskel-Training. Dei éischt 6 Wochen konnt ech mäi Knéi guer net belaaschten, dat heescht och net trëppelen. An elo muss ech vu Woch zu Woch erëm liicht belaaschten, ech hu sécher nach gutt 4-6 Woche Kretschen. Am Moment hunn ech och 3-4 Kinéséancen d'Woch.

Am Fong weess ech nach net op d'OP geklappt huet, eng Knorpeltransplantatioun ass zimlech komplex mä ech hunn awer eng Chance vu 75 %. Soubal ech mäi Been erëm ganz belaaschte kann a dat ouni wéi ze hunn oder Blocagen ze hunn dann huet et geklappt... dann fänkt et och un eecht ze gi mat der Reha.

Q: Du hues an der Summerpaus 2014 keng wierklech Paus gemaach: du hues vill ofgeholl an den definitive Sprong an d'Equipe gepackt. Du hues jo och net just ëmmer nëmmen eng Minute ze spille kritt mä oft waars de - zurecht - méi laang um Terrain. Dofir d'Fro: Wéi schwéier ass et dann sou eng Verletzung ze verschaffen? Wéi huet d'Equipe an deng Famill dech ënnerstëtzt?

Et gi vill Saachen dei mer hëllefe positiv ze bleiwen. Meng Famill ass fir mech do sou wéi et soll sinn, sou wéi d'Equipe op déi ech ëmmer ziele kann a Kollegen, etc. Ech sinn éierlech gesot souguer iwwerascht sou vill ënnerstëtzung ze kréien, sou vill Leit wou sech mellen, ech appreciéieren dat, ech hunn sou eng Chance.

Ech sinn allgemeng e positive Mensch dee gär laacht a Spaass huet, ech weess d'Liewen ze schätzen. Ech weess ëmmer erëm wat fir eng Chance ech hu wann ech z.B. aarm Kanner an Afrika gesinn, oder wann ech irgendee gesi wou en Handicap huet. Ech hu Chance an engem Land kënnen ze liewen wou et kee Krich gëtt, wou medizinesch an technesch developpéiert ass, etc. Ech hu Chance dass ech mech all Dag ka sat iessen, sou vill drénke wéi ech wëll, en Daach iwwert dem Kapp hunn, eng waarm a gemittlech Plaz hu fir ze schloofen. Ech hunn Chance eng Famill ze hunn a gutt Leit ze kennen... Ech kéint stonnelaang Saachen opzielen.

Ech ka mech net bekloen, ech hu ganz vill Chance, natierlech kann een mol heiansdo schlecht drop sinn an de Miesen hunn, mä ech vergiessen ni wéi "lucky" ech sinn. Ech hu schon vill negativ Saachen erlierwt an ech sinn definitiv méi räif a mental méi staark wéi déi meescht a mengem Alter. Ouni déi "challenges" wier ech net déi Persoun déi ech haut sinn an ech hätt net sou eng positiv Liewensastellung.

Q: Et ass jo zwar "just" en Amateursport fir déi meescht vun eis. Trotzdem bass de mat sou vill Leidenschaft dobäi wéi soss kaum een. Wéi bleifs de positiv an der Zäit wou s de denge Kolleegen net direkt um Terrain hëllefe kanns? Hues de e Motto oder Virbild?

Basket as keen Hobby fir mech oder eng Fraizäitaktivitéit, et ass eng richteg Leidenschaft, Passioun, ech liewen dofir.

Et ass definitiv net einfach d'Equipe z'ënnerstëtzen wann ee verletzt ass. Ech sinn op all eenzel Training a Match gaangen. Engersäits huet et mech mental fäerdeg gemaach net kënnen ze spillen an doropshin och net sou richteg en Deel vun der Equipe ze sinn. Et ass scho schwéier net kënnen ze spillen mä dann och nach all Dag nozekucken...

Anererseits ass d'Equipe wéi eng Famill, ech hu mech ëmmer wuel gefillt, et kann een ëmmer gutt laachen, an ech hunn e bëssen eng "energizer" Roll iwwerholl vu dass ech soss näischt maache konnt, an et huet och Spaass gemaach. A beim Nokucke konnt ech mäi Spill-IQ och definitiv erhéigen.

Et ginn och sou vill Motto'en wou mech motivéieren, inspiréieren. Ech hun eng Lëscht um Handy mat iwwert 40 Quotes wei z.B. :
- "Hard work pays off"
- "Nothing worth having comes easy"
- "Always turn a negative situation into a positive situation"
- "Strive for greatness"

Et ginn sou vill Leit wou mech inspiréieren, e Virbild sinn, mä haaptsächlech mäi Papp a mäi Lieblingsspiller de LeBron James. Mäi Papp ass am Kongo (RDC) opgewuess mat net vill, an engem Land wou net stabil ass, hie weess d'Liewen ze schätzen. Hien huet sou vill "downs" erliewt mä en ass ëmmer positiv bliwwen an ass ganz einfach e fantastesche Mënsch, dee gär deelt an ni vergësst vu wou en hierkënnt.

De LeBron James as mäin ultimative "role model", Virbild, souwuel als Spiller/Athlet wéi och als Mënsch. Ech fänke léiwer net un soss ginn ech ni fäerdeg haha.

added material...

NATIONALEQUIPE

An der Jugend sinn ech op 2 U16 EM'en gaangen. Et ass wierklech eng éier wann ee säi Land ka représentéieren an op sou engem Niveau ka spillen. Ech wäert déi Erfahrung definitiv ni vergiessen. Dëse Summer hätt ech misste bei der U20 EM matmaache mä wéinst menger Knéiverletzung konnt ech et vergiessen. Si hun eng fantastesch EM gespillt, ech sot schon am Januar déi Equipe packt et an den Top 8, ech wollt onbedingt dobäi si wëll ech wosst dass et speziell géing ginn sou wuel spillerech wéi och wat d'Teamchemie ugeet.

TITLES

Mat de Jugendequippen hunn ech ni eppes gewonnen. A mat den Häre war et bis elo wierklech den Jackpot, 2 mol d'Coupe an 3 mol Champion... an 3 Joer nëmmen. Och wann ech net onbedingt vill dozou bäigedroen hunn, ass et eng éier en Deel vun deem "winning process" ze sinn, an et gëtt ni langweileg ze gewannen, et bleift een hongreg.

SUMMER 2014

Am Summer 2014 hunn ech sou haart trainéiert wéi keen aneren. Mäin Zil war et den Niveau vun der Starting 5 z'erreechen, endlech den Duerchbroch ze packen, a mech iwwerhaapt wuel an mengem Kierper ze fillen, zumools wëll ech Réck- a Knéiproblemer hat. An et war och einfach e mentalen Challenge, fir mech a meng Limiten ze testen.

Ech hun 3 mol den Dag richteg haart trainéiert... Krafttraining, Cardiotraining an intensive Schosstraining an dat alles ënnert enger strenger Low Carb Diät (inspiréiert vum LeBron James). Eierlech gesot, ouni arrogant ze sinn, ech kenne keng Persoun déi dat kéint duerchzéien a scho guer net 3 Méint.

Ech war sou motiveiert wéi nach ni, ech hu meng Limite komplett iwwertraff, do waren mir d'Niewewierkungen souguer egal, wéi z.B. extrem midd sinn, depressiv ouni Grond, Kappwéi, mood swings, etc. En somme war et net grad ongeféierlech a bei sou eppes huet ee besser virdru mat engem Dokter ze schwätzen. Ech hunn Dokumentarfilmer driwwer gekuckt, a hunn um Internet stonnelaang Recherche gemaach a Säite verglach.

Ech hun dann och iwwer 10 kg verluer, ech war an der Form vun mengem Liewen, just dass ech de Knéi wéi hat. An da war den Deel vun der Saison wou ech gespillt hunn en enorme Flop fir mech. Ech sinn sou enttäuscht, et war e Witz. Do war d'Saison 2013/14 virdru kloer besser... Ech sinn eng Persoun déi ëmmer Ambitiounen huet, ech si bal ni zefridde mat mer selwer, ech well ëmmer besser ginn. Mä deen Deel vun der Saison wëll ech sou schnell wéi méiglech erëm vergiessen.

Ech weess selwer dass ech d'Potenzial hu fir richteg gutt ze ginn, ech leeë mech just komplett falsch un. Ech hun defintiv Confiance mä ech sinn och realistesch an ech weess dass ech nach kee gudde Spiller sinn. Ech hun aus menge Feeler extrem vill geléiert déi läscht Méint a mäi Basket-IQ as och kloer méi heich ginn. Ech weess elo genau wéi ech mech uleeë soll, wat ech mental, spilleresch a kierperlech muss änneren fir endlech e gudde Spiller ze ginn.

SAISON 2015/16

Ech hunn decidéiert d'Saison 2015/16 guer net matzemaachen, also 1 Joer Paus ze maachen. Ech weess nach net op d'OP geklappt huet an wann et geklappt huet, bis ech topfit sin, 100 % sinn, waert d'Saison schonn eriwwer sinn.

Et ass eng komplex Verletzung. Och wann ech jonk sinn, et decouragéiert mech e bësse wann ech liesen dass NBA-Spiller wéi Tracy McGrady oder Chris Webber eng ähnlech wann net souguer nämlecht Knéiverletzung haten an och eng ähnlech OP haten an dunn awer keen Basket méi konnte spillen.

Ech well keng ganz Saison laang en Cheerleader sinn, ech halen dat net aus, ech géing mech einfach nëmmen "useless" fillen. Natierlech ass d'Equipe, de Klub wéi eng Famill an et ass ëmmer erëm schéin en Deel vun deem ganzen "winning process" ze sinn. Ech hu mäi Kierper awer net gutt genuch respektéiert, ech hunn net nëmmen ugeschloen trainéiert a gespillt, mä richteg verletzt, sou dass et souguer een negativen Effekt op den Alldag hat.

D'Equipe war fir mech ëmmer op der éischter Plaz mä ech hu realiséiert dass ech mer elo aner Prioritéite setze muss. Ech wëll net 75%, 85%, 99% sinn mä 100% an dat war ech säit gutt 8, 9 Joer net méi. Ech wëll erëm unfänke wann ech mech prett fillen, wa mäi Kierper sech perfekt ufillt an net wann irgendee mer seet ech soll erem ufänken. Ech brauch Zäit fir mengem Kierper kënnen erëm ze vertrauen. D'Reha gëtt richteg haart.

Virdru wollt ech nëmme gewannen. Mä elo wëll ech einfach nëmmen normal Basket kënne spillen. Déi Verletzung weist mer wéivill Chance ech iwwerhaapt virdrun hat kënnen normal Basket ze spillen, oder iwwerhaapt kënnen normal ze trëppelen, vill Leit hunn déi Chance net... Wann ech erëm spille kann, wäert ech all eenzel Sekonn 10 mol méi genéissen. Elo, am Moment hoffen ech einfach dass d'OP geklappt huet...