X

Interview mam Mandy Geniets (02.10.2019)


No 4 Joer an eiser Dammenéquipe huet sech d'Mandy als éischt entscheed zu Aix-en-Provence op d'Uni ze goe fir zu Venelles Basket ze spillen. Säit kuerzem spillt et bei de Saarlouis Royals an der 1. däitscher Bundesliga. Am Virfeld schonns soe mer dem Mandy MERCI fir dësen Interview. Vill Spaass beim Liesen

Verfollegs du nach d'Aktualitéit am T71 an d'Resultater?


Ech probéieren sou wäit ech kann all d'Matcher vun Diddeleng ze verfollegen. Heiansdo hunn ech vläit och d'Chance Samschdes net ze spillen da kann et sinn dass ech mol puermol bis an d'Hal laanscht kommen.

Hues du nach regelméissege Kontakt mat dengen ex Coéquipières vum T71 (Dammen, Hären, soss een aus dem Club)?

Ech hun nach ganz vill Kontakt mat der Equipe. D'Meedecher aus der Equipe souwéi och de Staff si wéi eng zweet Famill fir mech! Wat mer mäi lescht Joer zu Diddeleng als Equipe erreecht hunn, huet eis alleguer méi no bruecht an dat Erliewnis bleift ëmmer en Deel vun engem.

Wéi ënnerscheet sech sou en Dagesoflaf zu Venelles par rapport zu Saarlouis elo?

Den gréissten Ënnerscheed ass dass mer hei zu Saarlouis 2 Mol am Dag trainéieren, par rapport zu Venelles wou mer nëmmen 1 mol am Dag trainéiert hunn. Mä en Ënnerscheed ass och dass hei Krafttraining wéi och Athletik Flichttraininger sinn. Hei zu Saarlouis dréint sech halt alles ronderem de Basket an de Studium. A vu dass et eng Profi-Equipe ass, ass och alles méi serieux hei zu Saarlouis.

Wéi gesäit en normalen Dag (ouni Match) an en Dag mat Match aus vum Oflaf hier aus? Individuell fir dech wéi och fir d’Equipe.

Also en Dagesoflaf am Moment ouni Match gesäit sou aus dass mer entweder um 9 oder um 10 Auer mueres Kraafttraining oder Schosstraining hunn. Dat hängt vum Dag of an dann hu mer mëttes nees um 3 oder 4 Auer den Equipentraining während 2 Stonnen. Verschidden Deeg hu mer tëscht deenen 2 Deeg nach eng Videoanalyse vun eis oder vum nächste Géigner.

Dann um Matchdag hu mer mueres nach eng Kéier Schosstraining wou mer all Systemer och nach eng Kéier duerchginn an dann treffe ma eis 2 Stonnen virum Match an der Hal.



Wat sinn deng perséinlech Ambitiounen an déi vum Club (Saarlouis), des Asison an an Zukunft?

Dëst Joer wëll ech mech mol un den Niveau gewinnen a souvill wéi méiglech bäiléieren. Ech wëll mech beweise fir vläit schonns dëst oder d'nächst Joer eng wichteg Roll an der Equipe ze kréien.

Wéi laang gedenks du nach zu Saarlouis ze spillen?

Ech hunn elo mol e Kontrakt fir 1 Joer, a wann et mer gutt gefällt an de Club mer weider Joeren ubitt, wéilt ech am léifsten 3 Joer bleiwe fir mäi Bachelor hei fäerdeg ze maachen.

Koum fir dech ni e College a Fro wéi et jo aner Spillerinne gemeet hunn (Lisa Jablonowski), an och d’Svenia)?

Dach, eng laang Zäit war et och een Dram vu mir an Amerika ze goen, ech hat och Kontakt mat verschiddenen Unien, mä wéi et dunn sou wäit war hunn ech mech mënschlech net prett gefillt fir sou e grousse Schratt ze maachen. Ech hu mech dann e bëssen informéiert a gemierkt dass et och méiglech ass sech hei an Europa gutt weider z'entwéckelen.

Géifs du jidderengem talentéierte Spiller(in) roden an d’Ausland ze wiesselen?

Ech géing jidderengem empfehlen, dass, wann een d'Méiglechkeet huet an d'Ausland ze goen, soll een et probéieren. Et léiert een souvill bäi. Et léiert een aner Spill-Styler kennen an et huet een d'Chance op engem méi héijen Niveau ze spillen. Et ass ëmmer eng gutt Erfahrung eppes Neies ze probéieren.

Ass den T71 nach en Thema fir dech no Saarlouis?

Vläit net direkt no Saarlouis mä ech sot mer ëmmer: wann ech zeréck op Lëtzebuerg kommen, dann jddefalls op Diddeleng :)

Wéi ass et fir deng Elteren wann 2 Kanner „Profi“ sinn?

Et ass schonns eng ganz speziell Situatioun fir eis Elteren. Si hu vill missten opfere fir eis zwee eis Dreem kënnen z'erméiglechen. Et ass net ëmmer einfach fir si, mä mäi Brudder an ech, mir kënnen eis ëmmer op hier Ënnerstëtzung verloossen.

Wéi oft gesidd der iech als Famill vu dass der jo bestëmmt och/grad de Weeken ënnerwee sidd mat ären Equippen?

Eigentech bal ni. Déi eenzeg Zäit wou mer all zesumme kënne sinn ass Chrëschtdag a sos wa mer grad allen 2 zoufälleg zu Lëtzebuerg sinn. Mä dat kënnt leider net sou oft vir.