UPDATE: Halleffinalen @ Coque


22 January 2023

Info fir Leit déi nach keng Tickets hunn: Ticket-Reservatioune per Mail sinn ab elo net méi méiglech. Den T71 huet nach Tickets Rescht, déi misst der awer e Mëttwoch tëscht 18h15 an 19h00 an d'Hal bezuelen a siche kommen. Um 18h45 spillen eis Damme jo géint de Basket Esch. Och am Bus (5€/Persoun) sinn nach e puer Plaze fräi.

Info fir Leit déi hier reservéiert Tickets Gëscht net ofgeholl hunn: Tickets déi d'lescht Woch reservéiert goufen a weder Gëscht nach e Mëttwoch (25.01., 18h30-19h00) ofgeholl gi sinn, musse mer der FLBB en Donneschdeg de Mueren zeréckginn. 

Deemno ass e Mëttwoch no 19h00 Schluss mam Ticktetverkaf beim T71.

An als Rappel: de Bus fiert den 29.01. um 13h45 beim Hartmann fort. Départ bei der Coque ass um 20h00.