1/4 Final Men and Ladies


12 March 2023

Mat 19 Victoiren an enger eenzeger Nidderlag hunn eis Dammen eng impressionant Qualifikatiounsronn an der LBBL gespillt a stinn no 20 Matcher op der éischter Plaz.
Trotz Ausfäll vu wichtege Spillerinnen hu si et färdeg bruecht ze iwwerzeegen a mär kënnen hinnen an dem ganze Staff schonn elo felicitéieren fir hir super Leeschtung an der Saison 22-23.
Et geet elo weider mat der Véirelsfinall géint Muselpikes den 25. März um 18.00 Auer zu Diddeleng a mär zielen op d'Ënnerstëtzung vun all eise Supporteren.

Eis Hären hunn och e ganze gudde Parcours gemaach bis elo a schléissen hir Qualifikatiounsronn no engem gudde Match an enger knapper Nidderlag géint den Tabelleleader Amicale op der 3. Plaz of. Och do ass ganz gutt Aarbecht geleescht ginn, et ass nach Sputt no uewen a mär sinn all zouversiichtlech dass eis Jongen mat hirem Coaching Staff nach kënnen vun sech schwätzen doen an der decisiver Phase vum Championnat.
Déi éischt Vierelsfinall ass géint d'Sparta de Samschden 25. Mäerz um 20.15.

Kommt an ënnertstëtzt eis Jongen an Meedercher fir dass si mat ärer Hëllef eng Ronn weiderkommen.