Communiqué LaLux Ladies Cup


13 March 2023

Léif Supporteren a Sponsoren,
 
No der groussaarteger Leeschtung vun eiser Dammenekipp an de chaoteschen Evenementer wärend a no der halwer Finall an der Coque, war et dem T71 Comité seng Flicht alles ze probéieren fir eng gerecht sportlech Léisung sous forme vun engem Rematch ze fannen.
 
Leider ass him dat net gelongen a mam Uerteel vum CLAS ass de Fall "T71-Gréngewald" definitiv klasséiert.
 
Den T71 konzentréiert sech elo voll a ganz op d'Playoffs vum Championnat an deene mer mat eisen 2 Ekippen vertruede sinn.
 
De Comité vum Basket T71 Diddeleng