Time to say goodbye


21 December 2023

Léif T71er,

No 20 Joer ass Schluss.

Ech hu menge Leit aus dem Comité déi lescht Woch matgedeelt dass ech um Enn vun der Saison 2023-2024 net méi als Präsident vum T71 zur Verfügung stinn an deemno enger neier Persoun d'Méiglechkeet ginn dëse grousse Club ze leeden.

Ech hunn am T71 vill onvergiesslech Momenter an intensiven 20 Joer erlieft, wärend deenen de Club sportlech alles erreecht huet wat een als Club hei am Land erreeche kann, an dat souwuel an der Jugend wéi och bei den Dammen a bei den Hären.

De Projet Interreg fir d‘Promotioun vum Dammebasket, de Besuch vun den Harlem Globe Trotters am Grimler, e belsche Championnatsmatch zu Diddeleng, d’Aweiung vum neien Centre Hartman an e fantasteschen 50-järegen Anniversaire waren alles grouss Momenter déi ech konnt als Präsident materliewen.

Sportlech Erfolleg ze hunn an Titele gewanne ass eng déi eng Saach, aussergewéinlech Basketballspiller/innen, Coachen, Benevollen, Sponsoren a Supporter kennen ze léiere ass déi aner Saach déi mech als Dirigent an deenen 20 Joer gepräägt huet.

Ech hunn duerch de Basket vill nei an trei Frënn kenne geléiert déi mech vun der éischter Stonn u begleet an ënnerstëtzt hunn.

1998 sinn ech an d’Jugendkommission vum T71 duerch meng Meedercher Rachel an Anouk komm, mat deenen ech laang Jore vill Freed um Terrain hat, fir dann am Mee 2004 de Präsidenteposten vu mengem Virgänger Marc Schmit ze iwwerhuelen.

E ganz décke Merci u meng Fra Lydia dat wärend 20 Joer dee ganze Stress matgemaach huet, eng wichteg moralesch Stäip an deene kriddelege Momenter war a mer dacks mat Rot an Dot zur Säit stoung.

Ech wënsche menge Kolleegen aus dem Comité eng glécklech Händche fir mäi Successeur ze fannen, deem ech vill Gléck wënschen fir dass den T71 weiderhin eng Top Adress vum Lëtzebuerger Basketball zu Lëtzebuerg bleift.

Bis dee leschte Championnatsmatch 2023-2024 wäert ech natierlech nach alles gi fir eis Ekippen ze ënnerstëtze wéi ech dat wärend 20 Joer gemaach hunn, an eventuell nach als Kiischt um Kuch deen een oder aneren Erfolleg feieren.

Also, mär gesinn eis deen nächsten Heemmatch am Grimler de 6. Januar am neie Joer.

Bis dohinner, schéi Chrëschtdeeg an e gudde Rutsch.

Marcel Wagener