+++ Virverkaf 1/2-Finale Coupe+++


29 December 2023

+++ Virverkaf 1/2-Finale Coupe+++
 
Eis Damme spillen den 21.01. um 15h15 d’Halleffinale vun der Coupe géint d’Sparta.
Dir kënnt ab elo bei eis är Tickets (18€ pro Sëtzplaz) reservéieren. Fir eng Stehplaz (15€) oder de gratis Entrée (< 16 Joer) musst der an d’Oweskeess an der Coque. Beim gratis Entrée huet ee wéi all Joer keng reservéiert Sëtzplaz.
Schreift eis dofir e Mail un reservation@t71.lu, mat:
- der Unzuel vun den Tickets à 18€;
- den Nimm vun de Persounen.
De 06.01. (Dammen- an Härematch) oder 13.01. (Härematch) kënnt der d’Tickets an d'Hal sichen a bezuele kommen. Dir kënnt iech do och är Sëtzplaz an der Coque eraussichen.