Virverkaf Coupe-Finale
21 February 2024
Eis Damme spillen de 16.03. um 17h00 d’Coupe-Finale géint de Gréngewald a probéiere no 2011 an 2014 eng drëtte Kéier d'Coupe op Diddeleng ze bréngen.
Dir kënnt ab elo bei eis är Tickets (20€ pro Sëtzplaz) reservéieren. Fir eng Stehplaz oder de gratis Entrée (< 16 Joer) musst der an d’Oweskeess an der Coque. Beim gratis Entrée huet ee wéi all Joer keng reservéiert Sëtzplaz.
Mir bidden awer och e Bustransport un (5€/Persoun). Lass geet et um 15h30 beim Hartmann an der Retour ass fir 20h00 bei der Coque geplangt.
Schreift eis dofir e Mail un reservation@t71.lu, mat:
- der Unzuel an den Nimm vun den Tickets à 20€;
- den Unzuel an den Nimm déi eng Plaz am Bus brauchen.
Mir confirméieren iech dono per Mail är Reservatioun.