Méi Respekt fir Arbiteren | More respect for referees


29 March 2024

[LU] Ëmmer méi oft kënnt et an de Baskethalen zu verbalen Attacken géint d’Arbiteren – ob vu Spiller, Elteren oder Trainer.

Dat ass net ze toleréieren: net géigeniwwer erfueren Arbiteren déi hier Aarbecht scho joerelaang mat vill Passioun maachen, a scho guer net géigeniwwer jonken, mannerjähregen Arbiteren.

Den T71 huet och jonk Arbiteren: Jugendspiller déi mat vill Motivatioun deen Challenge uginn. Poussins- a Poussines-Matcher sinn ouni des jonk Arbiteren iwwerhaapt net méiglech.

Déi Jonk vun auswäerts déi zu Diddeleng Championnatsmatcher päifen, sinn net just jonk Arbiteren, mee och Kanner vun Elteren déi sécherlech net wëlle gesinn dass hier Kanner verbal ugegraff ginn.

Mir verlaange vun eise Spiller, Coachen an Elteren Respekt vis-à-vis vun Géigner, Arbiter, Supporter an de Benevolen um Offiziellendësch.

Am T71 kucke mer eis dat an Zukunft méi genee un an huele Konsequenzen wa mer dat fir néideg fannen.

An eiser Hal hänkt säit e puer Joer e Plakat, net ouni Grond.

***

[EN] More and more often verbal attacks against the referees happen in the basketball gyms - whether by players, parents or coaches.

This cannot be tolerated: not against experienced referees who are doing their job with great passion for years, and certainly not against young, underage referees.

T71 also has young referees: youth players who put in a lot of motivation for this challenge. Poussins and Poussines matches are not possible without our young referees.

Young referees from other clubs officiate championship games of our youth in Dudelange. They are not only young referees, but also children of parents who don’t want to see their kids being verbally attacked.

We ask our players, coaches and parents respect towards opponents, referees, supporters and the volunteers at the officials table.

At T71, we will look at this more closely in the future and take consequences if we think they are necessary.
The following poster has been hanging in our gym for several years, not without reason.