Interview mam Claude Bemtgen (06.09.2018)

No villen erfollegräichen an engagéierten Joër an der A-Equipe, huet de Claude decidéiert zeréckzetrieden. Mär soen Merci an hun eis mam Claude op e puer Wierder getraff. Vill Spaass beim Liesen
 
Virwat hues de decidéiert net méi 1.Equipp ze spillen?

Ech krut Beruf, Privatliewen an Sport net méi ennert een Hutt. Do misst ech eppes kierzen. An vir nemmen nach op d'Halschent vun den Traininger ze kommen war keng Optioun, entweder voll an ganz bei der Saach oder guer net.
 
Hältst du ganz mat Basketspillen op?

Am Moment secher mol nach net. Dofir hunn ech dei Sportart einfach vill ze gäer
 
Wat war däin schéinsten Erliewnis?

Daat schéinst Erliewnis war dei 3.Finale 2011 doheem géint Ettelbréck. Fir en 3.Match doheem virun eegenem Publikum ze gewannen, an enger Haal dei aus allen Néit geplatzt ass, ass eppes waat een ni méi vergiesse wäerd.
 
Wei een Matspiller bleiwt der no all denen Joëren besonnesch an Erënnerung?

Ech kann do keen spezifeschen Spiller erauspicken. An Erennerung wäerd mir eng Trupp vun Kolleegen bleiwen dei um an niewt dem Terrain enorm vill Spaass zesummen haaten an dei an 20 Joer hoffentlech zesummen an der Buvette stinn an een op dei aal Zäiten zesummen drénken.
 
Gesäis du dech eemol an irgendenger Funktioun beim T71 an Zukunft?

Definitiv. Deen Club war meng 2.Famill. Et hun vill Fräiwelleger fir eis Spiller geschafft, an irgendwann gëtt et och Zäit vir daat nämlecht fir dei nächst Generatioun ze maachen.