Club 111 - LUX

De "Club 111" ass eng Aktioun vun der Jugendkommissioun vum T71 Diddeleng déi als eenzegt Zil huet d’Jugendaarbecht am T71 ze fërderen. Jiddereen - ob als Privatpersoun oder Firma, ëffentlech oder anonym – kann de Club 111 finanziell ënnerstëtzen. 
Eis Jugendkommissioun wäert alles drusetzen e flott Konzept opzebauen, mat Aktivitéiten déi iwwert den offiziellen FLBB-Programm erausginn. All Euro deen op dësem Wee erakënnt gëtt integral an d’Jugendaarbecht investéiert, an um Enn vun der Saison weise mer iech wat alles fir eis Jugendspiller gemaach ginn ass a wou d‘Suen higefloss sinn.
Dofir géife mer eis freeë wa mer iech als Donateur gewanne kéinten, ob elo als:

    gold member fir 111€ pro Saison;
    silver member fir 71€ pro Saison;
    bronze member fir 51€ pro Saison.

Mee och all aneren Don ass eng wertvoll Ënnerstëtzung déi eis erméigleche wäert souvill wéi méiglech Projeten ëmsetzen ze kënnen. D’Jugend muss weiderhin déi zolidd Basis si fir an Zukunft sportlech Erfolleger kënnen ze feieren.

Wéi iwwerweisen ech d'Suen?
Entweder Dir maacht e Virement op de Konto (BIL) vun der Jugendkommissioun: LU11 0025 1178 3770 0000 mam Vermierk "BaDi Club 111 + den Numm deen Dir wëllt dass am Reider soll ugewise ginn".
 
Oder via QR-Code hei drënner: einfach d'Digicash-App opman, de QR-Code scannen an de jeweilege Montant aginn a verschécken. An dësem Fall gëtt den Numm deen op der Digicash-Iwwerweisung erschéngt am Reider ugewisen. Ausser, Dir wënscht och hei eng aner Ernimmung (Numm, Famill XXX, Firma/Betrib, Anonym,...), schéckt eis dann zousätzlech e Mail op youth@t71.lu mat dem Objet "Club 111" an Ärem Wonsch.
 
All Donateur wäert och an der Sportshal op eisem Reider verëffentlecht ginn, et sierf dann e wëll anonym bleiwen.