+++ 1. Blummen-, Konscht- an Hobbymaart +++


29 May 2022

Dëse Weekend ass eisen éischte Blummen-, Konscht- an Hobbymaart. Iwwert 50 (!) Stänn wäert der de Päischtweekend iwwer op der Alliance am Quartier Italien fannen.

Fir déi musikalesch Animatioun suerge Samschdes d'Fun Brass Dixie-Band an d'Vocals on tour. E Sonndeg maachen d'Gehaansbléiser Musek.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

De Maart ass och verbonne mat engem Nuetsmaart.

De Site ass zu Diddeleng, am Haff an um Parking vum Lycée Nic Biever (Annexe Alliance), am Quartier Italien. Wéi der dohinner fannt gesidd der hei um Plang (Anhang ënnen an der News).
An engem weideren Anhang fannt der all d'Stänn déi fir de Weekend ugemellt ginn!

Mir hoffen dass der zu ganz vill de Wee an de "Quartier" fannt a bei eiser Première dobäisitt.

affiche + itinéraire.pdf

exposants.pdf