+++ UPDATE EuroCup - Supporterreesen +++


03 September 2022

+++ UPDATE EuroCup - Supporterreesen +++
 
Léif Supporter,
 
Mär hunn elo weider Detailer a Saachen Supporterreese fir eis Dammen elo am Hierscht a Wanter op hirer Europa-Tournée ze begleeden an z'ënnerstëtzen. 
 
Merci all deenen, déi schonn hiren Interessi ugemellt hunn, fir mat op Namur, Lissabon an Fribourg ze fueren. 
 
Eis Reesagence, Voyages Demy Schandeler, huet eis elo eng Offer ausgeschafft, mat méi konkrete Präisser fir déi dräi Reesen.
 
Am wichtegsten ass elo mol d'Rees op Lissabon, wou mär mussen zimmlech séier mussen op mannst d'Plazen am Fliger buchen. 
 
Supporterrees Lissabon (Do. 10. November bis Sa. 12 November)
- Vol A-R Findel-Lisboa mat Luxair (Do 6.00h Aller, Sa 15.45h Retour)
- Transfert Aeroporto-Hotel-Aeroporto
- 2 Nuechten am Hotel Upon (****), direkt beim Stadion vun Benfica an ganz no beim Metro. Kaffi ass inclus.
 
TARIF : ronn 500 Euro pro Persoun am Duebelzëmmer, ronn 600 Euro pro Persoun am Eenzelzëmmer. 
 
Et ass méiglech nach en aneren Hotel ze sichen, mee d'Präisdifferenz wäerten just eng 30 Euro sinn. 
 
En Plang B ouni iwwert d'Agence ze fueren ass och virstellbar, mee et gëtt méi komplizéiert. Den eenzegen Vol deen eisen Datumer entsprécht ass Luxair. Am Ganzen kéint een eng 100 Euro wannen, mee do ass dann keen Transfert sur place inclus. 
 
+++WICHTEG +++ 
Sot eis prioritär Bescheed, bis dëse MËTTWOCH 7. SEPTEMBER, ob dier - op mannst - wëllt de Vol reservéieren (ronn 200 Euro). 
 
All weider Froen kennt dier un presse@t71.lu schécken oder schreiwen/uruffen op den 621711213. 


Supporterrees Namur (Do. 27. Oktober)
- A-R mam Bus Diddeleng (CSRH) - Namur
 
TARIF : am vollen Bus (49 Plazen) kascht d'Rees 17 Euro op de Kapp. 
 
 
Supporterrees Fribourg (Do. 8. Dezember bis Fr. 9. Dezember)
- A-R Bus Diddeleng (CSRH) - Fribourg
- 1 Nuecht am Hotel
 
TARIF : am vollen Bus (49 Plazen) kascht d'Rees 36 Euro op de Kapp. De Präis vum Hotel hunn mer nach net, mee et wäerten eng 100-150 Euro am Duebelzëmmer sinn. D'Rees géif dann, op de Kapp (am DZ), eng 100-150 Euro kaschten.
 
 
UMELLUNGEN : 
- Lissabon : am beschten bis de 7. September, op mannst fir de Vol.
- Namur : bis de 15. September, mee hei sinn mär méi flexibel
- Fribourg : bis de 15. September, och fir eng Idee ze kréien zu wéi vill mär wieren. 
 
Schéckt einfach eng Mail op presse@t71.lu oder eng SMS op den 621 711 213.
 
Merci am Viraus,
 
D'Event-Team