50-Joer-Feier vum T71


13 August 2021

Wéi der et bestëmmt schonns wësst feiert den T71 Diddeleng den 18. September seng 50 Joer, an dat mat engem flotte Programm am Centre sportif René Hartmann. Op allefall sinn déi perséinlech Invitatiounen um Wee fir an Är Bréifboite.

Deen Dag kënnt Der dann och eist Buch kafen.

Mär hoffen dese Gebuertsdag mat esou vill wéi méiglech Frënn vun eisem Club feieren ze kënnen.