50 Joer T71 – Teams, Titles, Tradition


09 October 2021

Léif Frënn vum T71,

Zanter dem 17. September ass dat grousst Buch iwwer 50 Joer Basket Diddeleng (744 Säiten) ze kréien. D'Buch (50€) gëtt op all Heemmatch vun eisen 1. Ekippen (Dammen & Hären) am Centre Hartmann verkaf.

Déi Leit wou d’Buch virbestallt hunn, kënnen an der Hal passéiere fir hier Bestellung ofzehuelen. D'Nächst Woch mécht sech awer och eng Ekipp vum T71 op de Wee fir déi bestallten Bicher direkt bei iech heem ze liwweren.

Bei weideren Froen, mellt iech op der Adress t71@t71.lu.

Mat sportleche Gréiss,
Organisatiounscomité 50 Joer T71