Abonnement 2021/22


24 August 2021

Déi nei Saison steet virun der Dir! An och fir 2021/22 bidde mer eise Supporter en Abonnement un, wat fir all d'Heemmatcher vun eisen Dammen an Hären (Coupe ausgeschloss) gëlteg sinn.

>Hei< ass eng Informatioun wéi Der un en Abonnement kommt an sou all Match mat dobäi kënnt sinn, wéi eng Regele gëllen, etc.
Wéi et am Moment ausgesäit hu mer rem eng Partie "duebel Matcher", d.h. Dammen an Hären hannerteneen, sou wéi mer dat joerelaang gewinnt waren. Den offizielle Programm gëtt natierlech och nach verëffentlecht.

Am Fall wou Der un engem Abonnement interesséiert sitt, biede mer Iech e Mail op d'Mailadress
reservation@t71.lu ze maachen. Sou kënne mer iech während der Saison bei extra Informatiounen kontaktéieren.

lettre abonnement 2021-22.pdf