Äddi Änder


14 July 2021

Eis huet déi traureg Nouvelle vum Doud vum André Di Bartolomeo erreecht. Den Änder war Spiller, Dammen- an Härentrainer beim T71, a President vun der Jugendkommissioun an den 90er. Mee net just beim T71 huet hien sech en Numm gemeet: mam AS Zolwer ass den Änder 2002 sensationnel Champion ginn. 

Mir soen dem Änder Merci fir säin Asaz am T71 a behalen hien a beschter Erënnerung. Dem Pierrette, Vanessa, Gilles, Yves an dem ganze Rescht vun der Famill drécke mir eis häerzlechst Bäileed aus. Mir wënschen hinnen alleguer vill Courage an deene schwéieren Zäiten.