Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


23 March 2021

Am September gëtt endlech dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 verëffentlecht. Bis dohin liwwere mir iech als Avant-Première eng Rei flott Auszich. Ugefaange bei der Virgeschicht, wëll och scho virun 1971 gouf Basket zu Diddeleng gespillt.

Déi alleréischt Ekipp ass 1954 ugetrueden, dat ënnert dem Daach vum CAD. Folgend Zeile sinn an dësem Kapitel ze fannen :

„De 7. August 1954 huet den CAD (…) ee grousst Turnéier organiséiert. No den Erënnerunge vum Pavan Raymond sinn d’Matcher um haitege Kennedy Stadion gespillt ginn. Beim (…) Propagandamatch (géint US Thionvilloise) gouf et eng Katastroph fir Diddeleng: de Match ass mat 49-1 verluer gaang. Deen eenzege Punkt hat de Kettel Michel geschoss. Den Trainer war de Guy Steinmetz. D’Uniforme bestoungen aus enger schwaarzer Turnbox an engem wäissen Ënnerhiem wou jiddereen doheem eng Nummer drop gebitzt hat“.

Wëllt dier méi gewuer ginn? Dann reservéier der elo schonn däi Buch duerch d’Iwwerweisung vu 50 € op de Konto LU30 0030 5476 6840 0000.

Fir 71 € gëtt et d’Buch AN de Patronage vun enger Säit, mat Publikatioun vun ärem Numm.

Fotoen : Ekipp 1958 & Match um Stadion

***

This September, a great book about the history of T71 will finally be published. Until then, we'll provide you with a preview of some great stories. Starting with the pre-history, because even before 1971 basketball was played in Dudelange.

The very first team started in 1954, under the auspices of CAD (track and field). The following lines can be found in this chapter:

On August 7, 1954, the CAD (…) organized a big tournament. After the memories of Pavan Raymond, the matches were played at today's Kennedy Stadium. But this (…)match (against US Thionvilloise) turned into a disaster for Dudelang: the match was lost with 49-1. Kettel Michel scored the only point for Dudelange. Guy Steinmetz was the team’s coach. The uniforms consisted of a black gym and a white shirt where everyone sewed a number on it at home".

Want to know more? Then reserve your book by transferring 50 € to our bank account LU30 0030 5476 6840 0000.

For 71 Euros, you‘ll get a book AND a patronage of a page, with publication of your name.

Pictures: Team 1958 & match at the Stadium

2.jpg

3.jpg