Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


09 April 2021

Am September gëtt endlech dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 verëffentlecht. Bis dohinner liwwere mir iech e weidere flotten Auszug. Mir bleiwen an der Virgeschicht, dës Kéier mat der Grënnung vum Handball Basket Diddeleng.  

„Um Enn vum Joer 1959 koumen et zu groussen Ännerungen. Den Handball an de Basketball hu sech vum CA Diddeleng getrennt an zesummen den Handball Basket Diddeleng (HBD) gegrënnt“.

Hei eng Anekdote aus dëser Zäit déi ronderem den Numm vum neien Veräin dréint : BH Diddeleng oder HB Diddeleng?

„Deemools hu mer schonn un eng Dammesektioun geduecht. Et hätt eiser Meenung no komesch geklonge, wa Méindes an der Zeitung gestanen hätt: Beim gestrigen Spiel trumpften die BH Mädels aus Düdelingen wieder groß auf. Haut weess jo jiddereen, dee keng Pampers méi dréit, wat e BH ass. Duerfir hu mer den H virgeholl an den Numm: Handball-Basket Diddeleng, HB Diddeleng war gebuer“.

Direkt an der éischter Saison 1960 gouf den Elan awer vum Paratyphus gebremst. Méi dozou an eisem nächsten Auszug, deen dir och hei ze liese kritt.

Wëllt dier nach méi gewuer ginn? Dann reservéiert iech elo schonn d'Buch duerch d’Iwwerweisung vu 50 Euro op de Konto LU30 0030 5476 6840 0000.

Fir 71 Euro gëtt et d’Buch AN de Patronage vun enger Säit, mat Publikatioun vun ärem Numm.

Foto: Ekipp vun 1959