Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


26 April 2021

Am September gëtt endlech dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 verëffentlecht. Bis dohinner liwwere mer iech e weidere flotten Auszug aus der Virgeschicht.

Déi éischt Saison ënnert dem Numm HBD (1960), gouf den Diddelenger Basket direkt ausgebremst. Och wann d’Ufäng an der 1. Divisioun schwiereg waren (Nationale 2 vun haut), waren et net sportlech Grënn déi den Club aus der Bunn geheit huet. Vill méi war et de Paratyphus. Laang virum Covid-19 gouf de Sport also schonn eemol duerch e Virus duerchernee geheit.

Sou ass de 25. September 1960 eng deziméiert Ekipp géint de Roude Léiw Keel ugetrueden:

„De Schroeder Fernand huet, well säi Brudder Jeff a säi Papp de Paratyphus haten, Hausarrest. Och de Lang Michel huet Paratyphus. Dëse Match, op dee mir all gewaart haten an deen nach ee Wiessel hätt kënne bréngen hu mir verdéngt verluer. Déi 1. Halbzeit war nach alles dran, mä an der 2. Halbzeit si mir ënnergaangen (Konditioun)“. Resultat : 37-49.

Den 2. Oktober geet de Match mat 65-23 géint d’Sparta verluer: „Eis Equipe ass ëmmer méi kleng ginn. D’Moral ass hin, et feelt un allem, virun allem awer um Training, deen Dënschdes an Donneschdes am Turnsall vun der Brillschoul soll sinn. Do waren: Kreuter - Di Bartolo - Hammes.

D’Resultat vum Match zu Bartreng ass normal, ons Equipe huet esou gutt ewéi net um

Terrain bestanen. Mir waren erléist, wéi déi 40 Minutten erlaanscht waren“.

Den 30. Oktober 1960 war du Schluss : Wëll um Training an der Woch nëmmen 3 Spiller (Kreuter - Lang - Di Bartolo) do waren, huet de Comité beschloss kuerze Prozess ze maachen a Forfait z‘erklären. Als Ursaach hu mer bei der Federatioun d’Paratyphusepidemie ugefouert. Domat war d’Championnat 1960 erlaanscht. Mir sinn déi lescht a mussen erof an déi éischt Divisioun“.

Wëllt dier nach méi gewuer ginn? Da reservéier dir elo schonn däi Buch duerch d’Iwwerweisung vu 50 Euro op de Konto LU30 0030 5476 6840 0000.

Fir 71 Euro gëtt et d’Buch AN de Patronage vun enger Säit, mat Publikatioun vun ärem Numm.