Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


13 July 2021

Am September kënnt endlech dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 eraus. Fir iech eng besser Iddi ze ginn wat iech erwaart, liwwere mär als „Avant-Première“ - op t71.lu wéi och op Facebook - eng Rei Auszich aus den eenzele Kapitelen.

Haut werfe mer e leschte Bléck an d’Virgeschicht. Déi lescht Woche sitt där scho méi gewuer ginn iwwert d’Ufäng am Joer 1954 ënnert dem Fändel vum CAD. Et goung och well riets vun der Grënnung am Joer 1959 vum Handball Basket Diddeleng (HBD). An dem Paratyphus, dee laang virum Covid, eis Basketspiller ausgebremst huet.

D’60-er Joren waren e grousst Hin- an Hier, mat Ofstig an Opstig, dorënner ën duebele Championstitel, fir tëscht 1963 an 1964, aus der 2. Divisioun nees an d’Nationaldivisioun opzesteigen. An deenen 2 Saisone goungen vun insgesamt 30 Matcher der just 2 verluer.  

Interessant ze bemierken ass och, datt réischt ab 1967 d’Championnat am Rhythmus Hierscht-Fréijoer ausgedroen ginn ass. Bis dohin gouf vum Fréijoer bis an den Hierscht eran gespillt.

An der Saison 67/68 konnt den HBD sech sou just an der Nationaldivisioun halen. Eng wichteg Victoire gouf et géint d’Amicale Steesel.

Am Hannergrond sinn d’Stëmmen fir d’Grënnung vun engem eegene Basketveräin ëmmer méi haart ginn. Méi zur Gebuert vum T71 an enger nächster „Avant-première“.

Wëllt där nach méi gewuer ginn? Da reservéiert elo schonn äert Buch duerch d’Iwwerweisung vu 50 Euro op de BGL-Kont LU30 0030 5476 6840 0000 mam Vermierk „Buch 50 Joer“.

Fir 71 Euro gëtt et d’Buch AN de Patronage vun enger Säit. Ären Numm gëtt publizéiert.

Photo: De President vum HBD, Jängi Arensdorf, iwwerreecht dem Fernand Schroeder d’Medaille fir de Champion.

Artikel: Saison 1967/68