Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition

Den éischte Comité vum T71



22 July 2021

Am September kënnt endlech dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 eraus. Fir iech eng besser Idee ze ginn wat iech erwaart, liwweren mär als „Avant-Première“ - hei op facebook, mee och opt71.lu - eng Rei Auszich aus den eenzelen Kapitelen.

Mär starten endlech an déi erfollegräich Geschicht, déi den nei gegrënnten T71 ab dem 1971 sollt schreiwen. 

Hudd dir iech schon eemol d’Fro gestallt wou den Numm vum Veräin hier kënnt? D’Zuel 71 asslogesch, mee firwat steet den T? 

Souvill sief hei verroden: den „T“ steet net fir„Trennung“ vum HBD. 

An den Archiven fënnt een sou munch Theorien an Erklärungen.  

Een Auszuch :

"Die Basketballsektion des H.B.D. löst sich vomMutterschiff. Ein neuer Verein, ein neuer Name. T 71. Ob “Tôpert“ oder “Trellert“, jeder mag den Namen so deuten wie es ihm passt. Uns kam es darauf an, keinen bestehenden Namen zu kopieren."

D’Wourecht ass eng aner, mee déi loossen mär iech am Buch entdecken. 

Wëllt där also méi gewuer ginn? Dann reservéiert eloschonn äert Buch duerch d’Iwwerweisung vun 50 Euro op de BGL-Kont LU30 0030 5476 6840 0000mam Vermierk „Buch 50 Joer“.

Fir 71 Euro gëtt et d’Buch AN de Patronage vunenger Säit. Ären Numm gëtt publizéiert. LeschtenDélai fir e Patronage ass den 31. Juli.