Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


23 August 2021

Wëllt där nach méi gewuer ginn? Da reservéiert äert Buch duerch d’Iwwerweisung vu 50 € op de BGL-Kont LU30 0030 5476 6840 0000 mam Vermierk „Buch 50 Joer“.

Dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 ass no iwwer 2 Joer Aarbecht am Drock. D’Publikatioun ass fir den 18. September geplangt.

Fir iech eng besser Iddi ze ginn wat iech erwaart, liwwere mär als „Avant-Première“ - hei op op t71.lu, mee och op de sozialen Netzwierker - eng Rei Auszich aus den eenzelne Kapitelen.

D’Meeschtertitelen an d’Coupen déi gewonne goufen hunn et dem T71 och erlaabt sech op der europäescher Bühn ze presentéieren. Memorabel Matcher géint renomméiert Géigner goufen am Hartmann gespillt, dëst virun dausenden Zuschauer.

Nieft FC Barcelona (1973) oder Real Madrid (1977), koum et 1976 zu engem legendären Duell géint Mobilgirgi Varese, italienesche Champion d’Europe en titre. Hei en Extrait aus dem Buch :

« Le 3 novembre 1976, l’équipe des Ralph Mc Clelland, Jean-Paul Kremer, Roland Schumacher, Jean-Paul Schumacher, René Fae, Nico Rech, Yves Ueberschlag et Paul Steinmetz, sous la régie de l’entraîneur Claude Diederich, menait au score durant la totalité du match, jusqu’à la fatidique 37e minute et l’entrée en jeu de la star européenne des années 70, Dino Meneghin. Dino Meneghin a marqué d’affilée 8 points et le club italien a gagné in extremis par 68-62 ».

varese presse.jpg

t71 varese ekipp.jpg