Countdown 50 Joer T71 - Teams, Titles, Tradition


09 September 2021

A gutt enger Woch ass et souwäit! Dat grousst Buch iwwert d’Geschicht vum T71 kënnt eraus. Schonns op der Birthday Gala, den 18. September am Hartmann, ass d’Buch ze kafen.

De Virverkaf leeft natierlech och nach virun. Reservéiert ären Exemplaire duerch d’Iwwerweisung vu 50 € op de BGL-Kont LU30 0030 5476 6840 0000 mam Vermierk „Buch 50 Joer“.

Fir iech eng besser Iddi ze ginn wat iech erwaart, liwwere mär haut eng nei „Avant-Première“ - hei op op t71.lu, mee och op de sozialen Netzwierker.

Werfe mer haut e Bléck op den Dammebasket zu Diddeleng. 

Wousst dir schonn, datt den T71 eréischt Enn den 1980er Joren eng Dammenekipp huet? Do virdru gouf wuel schonn Dammebasket zu Diddeleng gespillt, dat awer ënnert dem Fändel vun der Forge du Sud.

Am Buch steet Folgendes:
„D’Forge du Sud gouf 1967 gegrënnt well bis zu dem Moment d‘Sektioun vum Dammebasket am HBD (Handball Basket Diddeleng) keng Dosinnsberechtegung hat. Doropshin ass entscheet gi mat der Ënnerstëtzung vu verschiddenen Elteren a vun de Spillerinnen, datt si dat Ganzt géife selwer an d‘Hand huelen.

D’Forge du Sud geet 1988 am T71 op, mat groussem Erfolleg.

E weideren Extrait, geschriwwe vum Conny Théobald am Virfeld vun der grousser Première an der Coupe d’Europe géint Funchal:
„Die ersten Spielerinnen um Margot Schulz, Renée und Régine Kemp, Marie-Paule Meisch, Lucia Debra, Sylvie Pauly, Gisèle Bovy, usw. (…) folgte eine neue Generation von Spielerinnen und Dirigenten. Sie brachten den Damenbasket langsam aber sicher weiter. Aus einer Fahrstuhlmannschaft wurde letzte Saison (98/99) eine Spitzenmannschaft, die sich den ehrenvollen 3. Platz sicherte. Und es wird weiter bergauf mit unserer Damenmannschaft gehen! Die Fusion der Forge du Sud und des T71, die ohne grossen Aufwand über die Bühne ging, stellte sich als eine überaus glückliche Symbiose heraus“.

De Rescht vun der Geschicht ass bekannt:
- 1. Championstitel 2003
- 2. Championstitel 2009
- 1. Coupe de Luxembourg 2011
- 2. Coupe de Luxembourg 2014
- an… 3. Championstitel 2021

F
otoen :
-
D’Ekipp 74/75 vun der Forge du Sud
- Champion 2003

forge du sud 1974-75.jpg