Den T71 ass an Trauer


24 August 2022

Op dësem Mëttwoch, 24. August, huet eis déi traureg Nouvelle erreecht, datt de Rob Thillen, laangjäregen Trainer vum T71, onerwaart am Alter vun 84 Joer gestuerwen ass.

 

Den Thillens Rob souz tëscht 1974 an 1991 am ganzen 8 Saison’en op der Trainerbänk vun den T71-Hären : vun 1974 bis 1976, vun 1981 bis 1985 an nach mools an der Saison 1990/1991.

 

Säin Palmarès ass beandrockend : 6 Championstitelen (1975, 1976, 1982, 1983, 1984, 1985) an 4 Coupes de Luxembourg (1975, 1977, 1983, 1984).

 

„Ech hat d‘Chance, an de 70er an 80er Joren an nach eng Kéier 1990 insgesamt 8 Saison‘en laang Trainer zu Diddeleng ze sinn. Et war eng intensiv a schéin Zäit, an ech denken haut nach gär drun zréck“, huet de Rob an sengem Bäitrag zum Buch fir 50 Joer T71 geschriwwen. 

 

Ech denken un déi wonnerbar Ambiance, déi ech vun Ufank un do virfonnt hunn. Den T71 war eng grouss Famill, wou de Comité, d‘Spiller an d‘Supporteren enk zesummegeschafft hunn“, huet hien weider ervirgestrach. 

 

Den Erfolleg um Terrain war net alles fir de Rob : „Natierlech hunn ech de ganze Palmarès vu menger Zäit als Trainer net am Kapp, mee dat kann net esou schlecht gewiescht sinn, well ech erënnere mech, dass mer oft, laang a gutt gefeiert hunn!

 

Ouni Zweifel huet de Rob Thillen den T71 geprägt. „Hien war ganz sécher den Coach deen de Lëtzebuerger Basket an den 70er Joren op en aneren Niveau bruescht huet. Wéi de Rob op Diddeleng koum ass, konnt hien ob déi gutt Jugendaarbescht vum Veräin opbauen an hat mam Ender Perka an Joe Lyons déi richteg Vestärkung“, schreift de Claude Diederich am Buch 50 Joer T71 – Teams, Titles, Tradition.

 

Beim ronnen Gebuertsdag vum Diddelenger Basket, huet de Rob drop gehalen e perséinlechen Merci lass ze ginn : „Als Trainer wëllt ech awer onbedéngt nach eng Kéier all mengen deemolege Spiller Merci soen fir hiert Vertrauen a fir dat absolut Engagement, dat si souwuel um Training wéi och an de Matcher gewisen hunn. Där waart en Team mat Klass, Courage an enger stänneger Bereetschaft äert Bescht ze ginn. E ganz grousst Kompliment!

 

Haut seet den T71 dem Rob Äddi. Et war eis eng Éier mat dier zesummen ze schaffen, an ze feieren.

 

De Comité, zesummen mat all de Memberen an Sympathisanten, dréckt der Famill vum Rob Thillen hiert häerzlecht Bäileed aus.