E Wuert vum Presi


23 December 2020

Léif Spillerinnen, Spiller a Coachen,
Supporteren, 
Sponsoren, 
Benevollen,
Memberen aus dem Comité, Supporterclub, Jugend-, Sports- a Finanzkommissioun, 50 Joer T71 Comité,

2020 war sécherlech dat schwieregst an ongewéinlechst Joer dat den T71 säit senger Grënnung am Joer 1971 erlieft huet.

Dofir sinn ech als Präsident besonnesch houfreg op all déi Leit déi bis elo bei der Staang bliwwe sinn, eis weider organisatoresch, moralesch a finanziell ënnerstëtzt hunn an optimistesch an Zukunft kucken fir erëm unzerappen soubal et nees erlaabt a méiglech ass.

Ech soen all deene Leit villmools MERCI well ouni si wier esou eng Entreprise wéi den T71 onméiglech ze féieren an um Liewen ze halen.

2021 feiert de Club säi 50-järegen Anniversaire an et wier Schued wa mer deen net kéinten an akzeptabelen Konditioune feieren, wuel wëssend dass Corona eis weider wäert drun hënneren alles "normal" ze organiséieren an ze feieren.

D'Virbereedungen fir d'Feierlechkeeten sinn abrupt duerch Corona gestoppt ginn mee wäerten erëm ulafen soubal et méiglech ass sech a klengen Aarbechtsgruppen ze treffen fir déi ugefaange Projeten weiderzeféieren an ze finaliséieren.

Den Héichpunkt vun de Festivitéiten ass fir den 11. September am Centre Hartmann geplangt. Ob a wéi dat Ganzt elo iwwert d'Bün goe kann hänkt natierlech vu Corona of, mee ech hoffen dass mer deen Dag sou vill wéi méiglech (erlaabten) T71er kënnen invitéieren.

An deem Sënn wënschen ech iech all schéi Feierdeeg an enger ganz spezieller a komplizéierter Situatioun.

Verléiert ären Optimismus net, bleift gesond a bis hoffentlech geschwënn.

De Presi