EuroCup - Supporterreesen


18 August 2022

Léif Supporter,
Eis Dammenekipp geet dësen Hierscht an Wanter op grouss Europatour, dëst an Kader vum EuroCup Women.
Am Ganzen ginn 6 Matcher gespillt, 3 zu Diddeleng, mee och 3-mol auswäerts an zwar zu Namur (27. Oktober), Lissabon (10. November) an Fribourg (8. Dezember).
Dat neit Event-Team vum T71 proposéiert Supporterreesen z'organiséieren fir eis Meedercher an der Belsch, a Portugal an an der Schwäiz z'ënnerstëtzen.
Mär mussen als éischt eng Iddi hunn wéi vill Leit interesséiert wieren fir mat op Tour ze goen, virun allem fir op Lissabon, éier et méiglech ass en Präis ze nennen.
Folgenden Reesprogramm schloen mär vir :
Donneschdeg, 27. Oktober mam Bus op Namur (Aller am Nomëtteg, Retour direkt Owes nom Match)
Donneschdeg, 10. November mam Fliger op Lissabon (10. November Mueres), 2 Iwwernuechtungen am Hotel an Vol fir heem um Samsdeg, 12. November.
Donneschdeg, 8. Dezember mam Bus op Fribourg, 1 Iwwernuechtung an Retour dann den 9. Dezember (spéiden Nomëtteg).
Kéint dier eis w.e.g. bis den 15. September matdeelen fir wéi eng Rees(en) dier iech interesséiert?
Schéckt dofir eng Mail op 
presse@t71.lu oder awer eng SMS op d'Nummer 621 711 213.

Mär kucken dann mat der Reesagence sou séier wéi méiglech en Tarif an all weider Detailer ze kommunizéieren.
Merci am Viraus.

D'Event-Team