Finallen um Sonnden


06 May 2022

Léif T71 Supporter,
 
Trotz ville Beméiungen, Propositiouenen a Gespréicher mat der Amicale, der Résidence an der FLBB ass et eis leider bis haut de Moien net gelongen eng vun deenen 2 Finallen op Samschdes oder Méindes ze verleeën.
Sou dass am Endeffekt eis Dammen e Sonnden um 18 Auer zu Walfer fir de Champion spillen an eis Hären um 20.15 Auer zu Steesel hir 3. Finale spillen.
Dat ass natierlech fir iech eng ganz onglécklech Situatioun déi mer eis och als T71 net esou virgestallt haten, well bis elo nach nie 2 Finallen vun Dammen an Hären deeselwechten Dag gespillt gi sinn, woubäi eng decisiv ka sinn.
Déi Leit déi op Walfer eis Damme kucke ginn, eventuell eng Verlängerung oder eng Präisiwwerreechung mat erliewe wëllen kënnen net op Steesel eis Hären ënnerstëtze goen.
Traureg awer wouer.
Sollten eis Dammen et packen zu Walfer ze gewannen ass am Hartmann natierlech eng Championsfeier op déi mer iech all invitéieren an deemno wiere mer frou wann der direkt no de Matcher op Diddeleng kommt, fir Iessen an Drénken ass gesuecht.
 
Am Fall wou eis Dammen zu Walfer verléieren ass déi 3. Finall den 15. Mee zu Diddeleng.
 
Merci am Viraus fir är Ënnerstëtzung, egal wou der e Sonnden den Owend och sidd.
 
Mär sinn Diddeleng!