Heemmatch T71-Etzella


18 May 2021

Léif Supporter vum T71,

Mir hunn déi grouss Freed iech matzedeelen dass mer erëm Supporter an eis Hal dierfen eraloossen. Déi aktuell sanitär Mesure vun der Santé mussen natierlech strikt agehale ginn.

Fir eis Heemmatcher sinn déi disponibel Plaze prioritär fir eis Abonnente vun der Saison 2020/21 reservéiert. Déi ginn haut am Laf vum Dag kontaktéiert.

Leit déi keen Abo hunn, kënne just an d’Hal wann nach Plaze fräi sinn nodeems mer eis Abonennte kontaktéiert hunn. An deem Fall géife mer dat hei op eisem Site (www.t71.lu) matdeelen. Et huet kee Wert sech schonns virdrun ze mellen, et soll alles seng richteg Reiefolleg hunn. 

Mir kontakéieren och eise Géigner Etzella sou dass sech hier Supporter net bei eis melle sollen/mussen. Also stay tuned, mir halen iech um Lafenden.

Egal wéi gëlle folgend Regele währenddem der iech an der Sportshal befant: 
- Eng Mindestdistanz vun 2 Meter (3 Sëtzplazen) tëschent Eenzelpersounen oder Gruppen aus engem Stot (maximum 6 Leit) muss agehale ginn.
- D’Droe vun engem Mask ass obligatoresch.

Mat sportleche Gréiss

De Comité vum Basket T71 Diddeleng