Jo Hoeser mécht eng Paus


20 July 2022

De Jo Hoeser huet de Club haut informéiert dass heen decidéiert huet e bëssen Abstand vum Basketball ze huelen an deemno fir den Ufank vum Championnat 22-23 net zur Verfügung steet.
De Jo huet Propositiounen vun anere Clibb net ugeholl a behält seng T71 Lizenz. Domadder kann de Club eventuell op hien zeréckgräifen wann Nout um Mann wärend der Saison géif entstoen.
De Club respektéiert dem Jo seng Decisioun a seet Merci fi déi 2 excellent lescht Saisonen an deenen hien Champion a Vizechampion mam T71 ginn ass