Journée mondiale du bénévolat


05 December 2021

Ouni Bénévolat kee Basket zu Diddeleng - Sans bénévolat, pas de basket à Dudelange

Haut ass e wichtegen Dag: De 5. Dezember ass den internationalen Dag vum Benevolat. Hei geet et haaptsächlech drëm eppes ze ginn.

Mir widderhuelen eis all Joer, mee de Message gëtt vu Joer zu Joer ëmmer méi wichteg. Dëse Message ass deemno wichteg a läit eis um Häerz, och an dëse méi komeschen Zäiten.

Wéi vill aner Clibb, Organisatiounen an Associatiounen lieft den T71 vum Bénévolat. An anere Wieder: ouni Fräiwëlleger, déi hier Fräizäit opfere fir hier Energie a Servicer an den Déngscht vum Club ze setzen, kéint dëse Club esou net bestoen.

Et sinn och déi selwescht Fräiwëlleger déi op Championnatsmatcher ronderem den Terrain an an der Buvette dofir suergen dass alles organisatoresch gutt iwwert d'Bühn leeft. Och wann elo säit e puer Méint manner Basket an eisen Hale gespillt ginn ass... Kee Streetball an den 1990er an ufanks 2000er, keng Harlem Globetrotters 2014 ouni Fräiwëlleger. D'Lëscht vu Manifestatiounen ass laang: d'Annonce-Bliedechers-Ausdréier, eis Delegéiert an der Jugend, eise Comité, eis Finanz-, Sport- a Jugendkommissioun, eise Supporterclub, eis Buvetteleit an all aner Persounen déi op iergendeng Aart a Weis mam T71 sympathiséieren, moralesch a finanziell ënnerstëtzen... an dëst oft säit méi méi 30, 40 oder 50 Joer!

ALL hinnen - an och déi Leit déi mer hei vläit vergiess hunn, oder net méi ënnert eis sinn - soe mer MERCI fir hieren Engagement an Asaz deen se gratis geleescht hunn, an hoffentlech an Zukunft och nach maachen.

A fir och an Zukunft weiderhi gutt opgestallt ze sinn, brauch och e grousse Club wéi den T71 all Hëllef. Mam aktuellen Undrang déi et zanter e puer Joer elo bei de ganz Klenge gëtt - Babybasket, Basketschoul & Co. - wiisst och e gewëssenen "Eegebedarf" un Hëllefskraaft.

Dofir eisen Opruff fir all Frënn a Fan vum T71: mellt iech bei eis (t71@t71.lu)! Dir sidd net vun Diddeleng? Dir kennt vläit net vill Leit am Club? Ganz egal. Den T71 brauch ëmmer Leit mat neien a flotten Iddiën fir net ze (ver)raschten, virun allem net an sou enger flotter neier Sportshal déi d'Gemeng zur Verfügung stellt!