Journée mondiale du bénévolat


05 December 2022

Ouni Bénévolat kee Basket zu Diddeleng - Sans bénévolat, pas de basket à Dudelange

Och wa mer eis widerhuelen: haut ass e wichtegen Dag fir eis. De 5. Dezember ass den internationalen Dag vum Benevolat. Hei geet et haaptsächlech drëm eppes ze ginn.

Wéi vill aner Clibb, Organisatiounen an Associatiounen lieft den T71 vum Bénévolat. An anere Wieder: ouni Fräiwëlleger, déi hier Fräizäit opfere fir hier Energie a Servicer an den Déngscht vum Club ze setzen, kéint dëse Club esou net bestoen.

Et sinn och déi selwescht Fräiwëlleger déi op Championnatsmatcher ronderem den Terrain an an der Buvette dofir suergen dass alles organisatoresch gutt iwwert d'Bühn leeft. D'Lëscht vun de Benevolen ass laang: d'Annonce-Bliedechers-Ausdréier, eis Delegéiert an der Jugend, eise Comité, eis Finanz-, Sport- a Jugendkommissioun, eise Supporterclub, eis Buvetteleit a ganz rezent eis Equipe déi eisen Dammen d’Coupe d’Europe erméiglecht... an natierlech all aner Persounen déi op iergendeng Aart a Weis mam T71 sympathiséiert, moralesch a finanziell ënnerstëtzt... an dëst oft säit méi méi 30, 40 oder 50 Joer! 

ALL hinnen - an och déi Leit déi mer hei vläit vergiess hunn, oder net méi ënnert eis sinn - soe mer MERCI fir hieren Engagement an Asaz deen se gratis geleescht hunn, an hoffentlech an Zukunft och nach maachen.

A fir an Zukunft weiderhi bestoen ze kënnen a gutt opgestallt ze sinn, brauch och e grousse Club wéi den T71 all Hëllef. Mam aktuellen Undrang déi et zanter e puer Joer elo bei de ganz Klenge gëtt - Babybasket, Basketschoul & Co. - wiisst och e gewëssenen "Eegebedarf" un Hëllefskraaft, ob dat elo Trainer sinn oder Leit déi d'Equipe administrativ begleeden.

Dofir eisen Opruff fir all Frënn a Fan vum T71: mellt iech bei eis (t71@t71.lu)! Dir sidd net vun Diddeleng? Dir kennt vläit net vill Leit am Club? Ganz egal. Den T71 brauch ëmmer Leit mat neien a flotten Iddiën fir net ze (ver)raschten, virun allem net an sou enger flotter Sportshal déi d'Gemeng zur Verfügung stellt!