Serie "Eis Sponsoren" - Amarcord


21 February 2021

Super Location, flott a grouss Terrasse, léift a sympathescht Personal : ënnert anerem esou kéint een d’Brasserie Amarcord beschreiwen, an dat säit mëttlerweil 13 Joer ! Donierft gëtt et awer och nach de Snack am Parc Emile Mayrisch wou een am Summer grad sou flott sëtzt. Mee leider hunn si et - wéi all aner Restaurateuren – am Moment immens schwéier a si just op den take away ugewisen. A grad hei ass et d’Geleegenheet fir si z’ënnerstëtzen: den 28. Februar eng Choucroute, de 7. Mäerz Bouchée à la Reine - mat Dessert natierlech. Dir kënnt alles virbestellen an den Dag selwer siche goen. Einfach hei kucke wéi a wou ee bestelle kann. De Christophe a seng Equipe ass ëmmer fir den T71 do wa mer eppes an der Hal brauchen, dofir gitt him och eng Kéier eppes zeréck. Grad elo wou si et säit Méint immens schwéier hunn!

Hier Kontaktdaten:
Brasserie Amarcord
1A Rue du Centenaire
L-3475 Dudelange
Tel.: 26 51 23 18
www.amarcord.lu
amarcord@pt.lu